Gliddeg aus der Pan: Dimmer & Koltz

Ass d'Fabienne Dimmer degoutéiert vun de Mënschen? Kann d'Beryl Koltz dat riichtbéien?
KUKt elo déi ganz Sendung "Gliddeg aus der Pan" mat den 2 (Liewens-)Kënschtler, moderéiert vum Serge Tonnar.

Fabienne Dimmer & Beryl Koltz

Share the vibe !

Dat muss gliddeg aus der Pan kommen”, sou hunn an der Zäit déi populär lëtzebuergesch Schauspiller gesot, wa se den Text net sou ganz geléiert haten. Gliddeg aus der Pan, also ouni vill ze prouwen, an der Aktioun, am Moment, ongeplangt an onzenséiert. Sou soll et och an dëser Sendung hiergoen: Zwee Leit aus Konscht & Kultur ginn als Gäscht agelueden a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech sëtze wäert hunn. Si wëssen och net wat de Programm vun der Sendung ass, a mir, éierlech gesot, och net. Si ginn eng Stonn laang an de Studio agespaart a musse sech de Programm live aus de Fangere suckelen, gliddeg aus der Pan, eben. An der Regie sëtzt de Kënschtler Serge Tonnar, bekannt fir seng Diplomatie a politesch Korrektheet, an intervenéiert fir dass näischt ubrennt.         
Gliddeg aus der Pan: Eng Zesummenaarbecht vum radio 100,7 an dem Kulturkanal.