Tonnar Urwald

Live aus der Villa Louvigny
23.6.2020

Share the vibe !

1 Sträit
Et wor eemol e Kanonéier
Den topege Mann
De Feierwon
Ons nei Heemecht
Wéi meng Mamm nach huet gesponnen
Du brauchs mer näischt ze schwieren
De groussen Hexemeeschter
Dat elei an dat elo

An hirem Programm “Aus der Heemecht” interpretéieren de Serge Tonnar an de Georges Urwald eng Rëtsch vu bekannten a manner bekannte lëtzebuerger Lidder aus dem 19. Joerhonnert op eng radikal perséinlech Manéier. Mateneen, an och mol géinteneen, zielen d’Stëmm an de Piano eis d’Geschichten aus de Lidder vun deemools an enger neier Sprooch, a loosse beim Nolauschterer d’Gefiller opliewen, déi de Kär vun dësen Texter a Melodien ausmaachen. “De groussen Hexemeeschter” oder “De Feierwon” huet ee wuel nach ni sou frech héieren, an awer am Respekt vun den Originaler, déi auserneegeholl goufen fir se, mat vill Improvisatioun, oder gliddeg aus der Pan, nei opliewen ze loossen.

Digitalen Album "Aus der Heemecht"