Wäiss Kaart: Romain Butti
Ein Jahr in Berlin
Mat enger “immersiver Lektür” vun der Novell “Ein Jahr in Berlin”, déi bei Kremart Edition erauskomm ass, gewënnt dem Romain Butti säin Text op eng villfälteg Manéier un Dimensioun. Nieft stëmmungsvollen Opnamen liest den Auteur aus sengem Wierk vir an huet um Piano och fir de passende Soundtrack gesuergt. Esou kann de Spectateur op méi wéi eng Art a Weis an déi onheemlech-däischter Momentopnamen andauchen.
Romain Butti: Ein Jahr in Berlin
Text a Musek vum Romain Butti
Gefilmt a geschnidden vu FOQUS
Opgeholl am Unison Studios
Interview mam Romain Butti
De Romain schwätzt iwwert seng Inspiratioun, seng Ziler a säin Aarbechtsprozess