To Torial iwwert d'Kris

to torial or not to torial: theoretesch kënne mir praktesch alles

Madame Paname's Tutorial Atelier

Share the vibe !

Fir dass mer net nach e Joer am Ausnamezoustand an a konstanter Konfusioun musse verbréngen, huet de KUK eng Serie Videotutorials an Optrag ginn. Eent dobäi ass kloer: mir sinn exklusiv un Expert.Inn.en erugetrueden. Well wie weess besser wéi d’Situatioun mat der Ausgangsspär leeft wéi d’Cinderella, wie besser wéi en Haushalt ruinéiert gëtt wéi d’Blanche Dubois, a wien huet déi beschten Tipps fir mat der Aaxt Fritten ze maachen wéi d’Maria Stuart? An enger Serie vu Mock-Tutorials loossen d’Performerinnen Anne Klein an Anouk Wagener sech vu Figuren aus Literatur, Theater a Popkultur inspiréieren, fir dat méi bis manner sënnvollt Wëssen un de Mënsch ze bréngen. To torial or nor to torial leeft vum 01.01.2021 an net ganz reegelméissegen Ofstänn um KUK.

 

An Zesummenaarbecht mam B-Radio vum Radio 100,7
LAUSCHTEREN